Subventioun.

Du bass intresséiert fir Beienziichter ze ginn, wëlls déi Saach awer lues ugoen, ouni dech ze ruinéieren an hues di richteg Astellung vis-à-vis vun de Beien, da kanns du dech bei eis fir eng Subventioun an eng Ausbildungsplaz bewerben.

Wéi funktionéiert dës Subventioun?

  • Du gëss Member an der EIS BEIEN A.s.b.l.

  • Du hëls Kontakt mat EIS BEIEN A.s.b.l. op an ëmfrees dech, ob nach Plaze fräi sinn, fir an dëse Subventiounsprogramm opgeholl ze ginn.

  • Ugeholl du kriss eng Plaz, wäerts du während 3 Méint mat engem vun onse Beienziichter während der Saison all 7ten Dag mat op den Terrain goen, wou s du och direkt dierfs selwer Hand uleeën.

  • No deenen 3 Méint gëtt eng Decisioun vum Komitee geholl, ob s du an de Subventiounsprogramm wäerts opgeholl ginn.

 

Allem virausgesat, du hues déi theoretesch Formatioun vun der FUAL gepackt a bass am Besëtz vun hirem Zertifikat.

  • Mat enger Awëllegungserklärung ënnerschreifs du just eis Konditiounen an domat wiers du dann an eisem Subventionsprogramm.

Ëmfank vun der Subventioun.

Du kriss all Material zur Verfügung gestallt, wat s du brauchs fir deng eege Beie kennen ze halen an dat während der gesamter Ausbildungslafzäit vun 2 Joer. Ausser Kostüm, Händschen a Stackmeessel.

Du dierfs de Schleiderraum vun EIS BEIEN A.s.b.l. notzen.

No deenen 2 Joer kanns du dëst Material zu engem gënschtege Präis ofkafen oder ofginn, falls du net méi weidermaache wëlls.

Mell dech, et lount sech, du kanns op ee Coup direkt lassleeën a spuers 5000€ un Investment.