Ween ass Eis Beien A.s.b.l.

honey-349621.png
biblio-39.jpg

Wee si mir a wat maache mir?

EIS BEIEN A.s.b.l. ass eng gemengnëtzeg Organisatioun, déi sech ëm Opklärung an eng nohalteg Beienzuucht këmmert.

  • Mir bedreiwe ganz aktiv op der Strooss, wéi och op de sozialen Netzwierker, Opklärung.

  • Mir bilden nei Beienziichter aus a subventionéieren dës och.
     

  • Mir bidden e Parrainage un.
    A stelle Këschte bei de Leit an de Gaart oder bei Geschäftsiddi op d'Firmegebai oder Terrain.

Mir informéieren a renseignéieren iwwert Thema Beien.

Et ass eis mat Hëllef vu gudde Leit gelongen, dëse Projet an d' Liewen ze ruffen. Mat engem staarken Komitee a Komitee- Fondateur si mir stolz, dëse Projet zesummen no vir ze bréngen.

 

Mir si frou op dësem Wee aneren z'erméiglechen an dësen Hobby ran ze starten. Nohaltegkeet ass de roude Fuedem deen duerch  dëse Projet leeft an dat an engem ganzheetleche Konzept.

KOMITEE EXEKUTIV 

Grënner   an    Initiator    vun    dësem 
Projet.

Mir ass d'Iddi komm op enger Formatioun vun der FUAL, dass een eppes muss maache fir all déi Leit déi sech fir den Hobby Beienziichter interesséieren, an dofir  awer  vläicht net déi richteg Mëttelen hunn, sou wéi z.B. d' Suen ,Plaz oder Zäit.

MARCEL GENGLER

Präsident

Beruff: Schoulmeeschter, bestuet an 2 Kanner,  diploméierte Beienziichter zanter 2005. Hu mat der Beienzuucht ugefaange well ech eppes fir d'Natur maache wollt an nach ëmmer wëll. Start 2005 1 Vollek, haut : probéieren am Fréijoer mat 15 Vëlker ze starten.

Ech verkafen: Hunneg, Hunnegwäin, Käerzen aus Beiewues, Ofleeër an och Kinniginnen.

CLAUDE GREIVELDINGER

Vizepräsident

Ech hunn an de leschte Jore gemierkt, dass et allgemeng all Summer manner Insekte  ginn, dozou gehéiert ganz wichteg, eis Bei, an all hire Gattungen. Well des Insekten et ganz schwéier hunn zesumme mat eis Mënschen an Ëmwelt ze liewen, ass et essentiell dës Populatioun z'ënnerstëtzen an si sou gutt et geet op eisem Planéit weider integréiert ze halen. 

NIKOLAS WELTER

Tresorier

Viru 4 Joer hunn ech eng Dokumentatioun gelauschtert, déi mech gepräägt huet. Et ass wéi den Här Albert Einstein 1949 festgehalen huet. Wann EIS BEIE verschwannen, da bleiwen eis nach 4 Joer ze liewen. Keng BEIE méi, keng Bestäubung méi, keng Planze méi, keen Déier méi, kee MENSCH méi. Den Einstein verzeit mer bestëmmt, dass ech hien hei einfach zittéieren, mee et ass mat wéineg Wierder gesot, wat dëse Projet EIS BEIEN esou wichteg mécht....fir mech, fir eis ALLEGUERTEN.

MYRIAM MEMOLA

Sekretärin

Pensionéiert.

Enseignante an der lëtzebuergescher Sprooch. Wann ech eppes wëll man fir eis Ëmwelt, also fir eis all, fannen ech dat flott fir bei EIS BEIEN A.s.b.l. matzemaachen, well ech do zimmlech schnell e konkret Resultat gesinn!

MONIQUE COURTOIS

Sekretärin Adjoint