

Mir si frou Iech op dëser Säit kënnen eis Partner virzestellen, déi ganz geziilt ausgesicht goufe vun eis. All eenzele Partner entsprécht genau eise Richtlinnen an den Erwaardungen, déi mir och un eis selwer stellen an exigéieren.
Wann et ëm den Thema Nohaltegkeet geet, setze mir bei EIS BEIEN A.s.b.l. nëmmen op di beschten an ökologeschst Materialien. Mir si ganz frou am NATURBAUSTOFF e Partner fonnt ze hunn, deen extrem vill Wäert op Qualitéit, Ökologie an Nohaltegkeet leet. Mir schaffen exklusiv mat de Lasuren aus hirem Sortiment an zwar déi vun der Mark LEINOS. Doriwwer eraus waren si di éischt Firma déi eis gefrot huet fir d'Beien op hiert Firmegebai ze kréien, wat wuel méi wi just e Statement ass zu hirem Standard a Philosophie.
A Punkto Material war et ons bei EIS BEIEN A.s.b.l. ganz wichteg, nëmme mat lokale Geschäfter ze schaffen, dëst huet och mat eiser Philosophie, wat d'Nohaltegkeet ugeet, ze dinn.
Den Här Pierre Kusnierz, Grënner vu Beienhaff.lu ass déi Adress, wann et ëm d'Material fir Beienziichter geet. Hien huet eng riseg Auswiel, tipptopp Präisser an net ze vergiessen eng frëndlech a kompetent Berodung. Also firwat am Internet bestellen, wann een eng lokal Ekonomie kann ënnerstëtzen?
Gitt bei de Beienhaff zu Reuland.
Nohaltegkeet ass wéi dir sécher scho feststelle konnt de Roude Fuedem deen duerch eis gesamt Handlungen zitt.
Och a Punkto Kleedung hu mir ganz grousse Wäert op Durabilitéit geluecht an aus dem Grond ass fir eis keen aneren a Fro komm wéi Cut&Paste. Si sinn déi bescht an hirem Gebitt net nëmme fann dir vun der Kaarp bis bei d Strëmp alles wat dir braucht mä dir faalt och op ee kompetente Service an eng schnell Ofwécklung. A mir garantéieren Iech eng Topp Qualitéit,a Kleedung vun der dir laang wäert kënne profitéieren.
Wann dir Froen hutt zeckt net a besicht hiren Internetsite do fann dir alles wat dir musst wëssen.
Cut&Paste qualitativ, schnell an zouverlässeg.
En weideren Partner vun Eis Beien Asbl ass de Familienbetrieb Maroldt. Bei hinen fannt dir alles vu Plättercher, iwwer Sanitär an Wellness bis hin zu Baustoffen, Dieren an Parquet. Qualitéit an Service gëtt bei dëser Lëtzebuerger Firma grouß geschriwwen. Si sichen dauernd fir sech weider ze entweckelen an d‘Zukunft z‘investéieren. Hinne war et wichteg och e Beitrag ze leeschten an esou huet d’Madamme Maroldt sech dozou entschloss bei eis d’Formatioun ze maachen, an wëll och zukünfteg Beien bei sech op d’Firmenannex huelen. Esou kann si och hiren Matarbeschter bäibréngen wéi wichteg des Déiere fir ons sinn.
![]() |
---|