Ënnerstetz Eis Beien A.s.b.l.

Du bass faszinéiert vun de Beien a vum Thema Beien, hues awer keng Zäit, Plaz oder deen néidege Budget deen dofir néideg ass, dann ass de Parrainage genau dat Richtegt fir dech.

Du gëss Giedel oder Pätter vun engem Beievollek während enger Beiesaison.

Während dëser Saison (Abrëll-Oktober) hues du di Méiglechkeet sou oft wéi et dir léif ass bei däi Beiestack matzegoen a selwer Hand unzeleeën.

  • Du kriss all 3 Méint en detailléierte Bericht iwwert d'Aarbechten (mat Foto Serie) an de gesondheetlechen Zoustand vun denge Beie via Mail geschéckt.

  • Mir garantéieren dir 4 KG Hunneg, och wann däi Vollek et net géif packen.

  • Du dierfs dir en Numm fir däi Vollek eraussichen.

Nodeems du mat eis Kontakt opgeholl hues, fir ze wëssen, ob mir nach Völker zur Dispositioun hunn a vun eis eng Konfirmatioun krus, muss du eis 150€ op eise Konto iwwerweise mat der Matdeelung "Parrainage" an den "Numm", deens du dir erausgesicht hues fir däi Vollek.

Mat deenen 150€ ënnerstëtzt du net nëmmen d'Iwwerliewe vun dengem Vollek, mä du hëllefs och EIS BEIEN A.s.b.l. fir héichqualitativ Beienziichter auszebilden.

Däi Parrainage ka vun dir op eegen Initiativ am Januar erneiert ginn.